Publié le 22.02.2017
1 qualifizéierten an diploméierten Comptable/Fiscaliste an 1 qualifizéierten an diploméierten Comptable
Mir sichen zouverlässeg a kompetent Mataarbechter, déi sech an engem klenge Kader wuelfillen.
1 qualifizéierten an diploméierten Comptable/Fiscaliste
1 qualifizéierten an diploméierten Comptable
{ m/w - Vollzäitbeschäftegung }
Mir hunn de Privileg eng laangjäreg gutt Clientèle ze hunn a mir schaffen an enger flotter Atmosphär direkt um Land. Bei eis steet de Mënsch am Mëttelpunkt vun eisen Iwwerleeungen, mir engagéieren eis fir eng gutt a respektvoll Zesummenaarbecht a suergen fir eng bestänneg Weiderbildung fir d’Qualitéit vun eiser Aarbecht héich ze halen.
Duerfir brauche mir Mënschen, déi mat Häerz a Séil derbäi sinn, déi sech engagéieren, selbstänneg sinn an den Ëmgang mam Client gären hunn.
ÄRE PROFIL KANN EWÉI HEI BESCHRIWWEN AUSGESINN:
Dir
- schafft zënter e puer Joer an enger lëtzebuerger Fiduciaire
- kennt déi lëtzebuerger Steiergesetzgebung an déi national an europäesch TVA
- sidd gutt iwwert Gesellschaftsrecht informéiert a gewinnt dran ze schaffen
- hutt eng gutt Logik an eng gutt Portioun Virwëtz an der Analyse
- huelt gären Initiativen a scheit Iech nit Är Meenung ze soen
- beherrscht déi gängeg Comptabilitéitsprogrammen esou ewéi Excel, Word, asw.
- schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch
Dann zéckt nit a léiert eis kennen, schéckt ons Äre komplette Liewenslaf mat enger Foto vun Iech, mir freeën eis a behandelen Är Daten mat Diskretioun. Wann Dir Froen hutt oder eis einfach wëllt besiche kommen, da kennt Dir gären e Rendez-vous mat der Madame Bernard Brigitte ofmaachen.
t + 352 23 62 33-1 • f + 352 23 62 33-29
• fiduciaire-interregionale.lu
14, Haaptstrooss • L-8720 Rippweiler